From Wikipedia, the free encyclopedia
E Chrëschtbeemchen ass en Nolebam, deen an der Zäit ëm Chrëschtdag traditionell a Mëtteleuropa a Gebaier an op Plazen opgestallt gëtt, an dee mat Bullen, Luteketten, Käerzen, Späizmännercher, Figuren, Lametta, Schnéi-Imitat, Äppel, Nëss a soss Schneekereien dekoréiert gëtt.
Aus dem Elsass si Chrëschtbeemercher zanter dem 16. Joerhonnert attestéiert. Vun Däitschland aus huet dëse Brauch sech am 19. Joerhonnert an d'ganz Welt ausgebreet. D'Gréngs am Haus am Wanter huet d'Hoffnung symboliséiert, datt d'Fréijoer nees geschwënn erëmkéim.
Zu Lëtzebuerg goufe meeschtens Fichten als Chrëschtbeemche geholl, ëmmer méi kommen dofir och Dännen, wéi z. B. Nordmann-Dännen, zum Asaz.
Et gëtt, besonnesch an anere Länner, och kënschtlech Chrëschtbeemercher aus Metall an/oder Plastik, déi een dacks zesummeleeën an d'Joer drop nees benotze kann.
Traditionell gëtt ze Lëtzebuerg dacks mam Chrëschtbeemchen och eng Krëppchen opgeriicht, déi dann zesumme bis Dräikinneksdag stoe bleiwen.
Commons: Chrëschtbeemercher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.