lëtzebuergeschen Affekot a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charles, genannt Charel Weiler, gebuer den 18. September 1986 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass a lëtzebuergeschen Affekot a Politiker (CSV).
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Charles Weiler | |
---|---|
Gebuer |
18. September 1986 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot, Politiker |
Partei | CSV |
Famill | |
Papp | Lucien Weiler |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Charles Weiler ass 2014 enger Affekotenetude zu Dikrech bäigetrueden. Vun 2022 un huet hie fir d'CSV. geschafft.[2]
Hie gouf 2006 Member vun der CSJ.
Bei de Gemengewalen 2017 gouf de Charel Weiler fir d'CSV an de Gemengerot vun der Stad Dikrech gewielt. Hie gouf 2023 erëmgewielt an nodeems d'LSAP keng absolutt Majoritéit méi am Gemengerot hat, koum et zu enger CSV-DP-Koalitioun. An der Folleg dovun, gouf hien den 11. Juli 2023 als Buergermeeschter vun Dikrech vereedegt[3].
Hien huet am Bezierk Norde bei de Chamberwalen 2013 an 2018 kandidéiert, krut awer net genuch Stëmmen, fir an d'Chamber gewielt ze ginn.[2] Bei de Chamberwalen 2023 ass dat him du gelongen[4].
De Charel Weiler ass zanter 2020 President vum Futtballclub FC 47 Baastenduerf[1].
Hien ass de Bouf vum fréieren Deputéierten an Haffmarschall Lucien Weiler[5].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.