De Centre de recherche public Gabriel-Lippmann war eng ëffentlech Fuerschungsariichtung zu Lëtzebuerg. Si gouf am Juli 1987 duerch e groussherzoglecht Reglement als CRP - Centre universitaire an d'Liewe geruff an den 31. Mee 1999 nom Gabriel Lippmann genannt. Den 1. Januar 2015 huet si mam CRP Henri-Tudor zum Luxembourg Institute of Science and Technology fusionéiert.
Den CRP Gabriel-Lippmann huet ugewannte wëssenschaftlech Fuerschung an technologesch Entwécklung bedriwwen. Ausserdeem hat en als Aufgab, op héijem Niveau Wëssen ze vermëttelen a virunzeginn.
Seng véier Departementer hu sech mat véier Schwéierpunkttheme befaasst:
- d'Technologië vun neie Materialien, absënns d'Nanotechnologie an d'Entwécklung vun Instrumenter
- Departement "Science et analyse des matériaux" (SAM)
- den nohaltegen Ëmgank mat natierleche Ressourcen;
- Departement "Environnement et agro-biotechnologies" (EVA)
- d'Technologië vun der Informatiounsgesellschaft
- Departement "Informatique, systèmes et collaboration" (ISC)
- d'Equippementer fir den Auto
- Departement "Recherche en équipements automobiles" (REA)
De Sëtz vum CRP Gabriel-Lippmann war vun 2004 u provisoresch op den Industriefrichen zu Bieles an der Brillstrooss.
Um Spaweck
Referenzen
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.