Carl Michael Bellman

schweedeschen Dichter From Wikipedia, the free encyclopedia

Carl Michael Bellman
Remove ads

De Carl Michael Bellman, gebuer de 4. Februar 1740 zu Stockholm a Schweden, an do gestuerwen den 11. Februar 1795 war e schweedeschen Dichter. Hie gëllt als de schweedeschen Nationaldichter.

Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Säi Liewen

Säi Wierk

Dem Bellman seng Haaptwierker si béids Liddersammlungen:

Fredmans epistlar (Dem Fredman seng Epistelen) mat 82 Lidder, 1790 zu Stockholm erauskomm, an ee Joer drop
Fredmans sånger (Dem Fredman seng Lidder) mat 65 Lidder.

De räichen Auermécher vum Haff Jean Fredman, deen de Branntewäin an an onglécklecht Bestietnes an de Kulang bruecht haten, gouf den 13. Mee 1767 begruewen. Knapps e Joer duerno war hien d'Haaptpersoun vum Bellman senge Lidder. Eleng d'Spillerei mat den Nimm Bellman (bellum = Krich) a Fredman (= Friddensmann) weist um Bellman säin Alter ego hin. De Bellman war e Kand vun der Opklärung an hien hat ënner anerem Freed drun, fir mat villem de Spunnes ze maachen. Seng Lidder ware Sauflidder, Lidder iwwer d'Léift an iwwer den Doud.

Remove ads

Editiounen

Op Schweedesch

  • Samlade skrifter, (Sämtlech Wierker), erausgi vum Jaon. Gabr. Carlén, Stockholm, 1861, 4 Bänn.
  • Skriften (Schrëften), erausgi vun der Bellamn-Gesellschaft, Stockholm, 1927, 8 Bänn.
  • Standardupplaga utgiven av Bellmanssällskapet, Stockholm, 1921-2004, 21 Bänn.

Iwwersetzungen op Däitsch

  • Der schwedische Anakreon, erausgi vum Adolf von Winterfeld 1856 zu Berlin, war déi éischt däitschsproocheg Editioun vu Bellman-Lidder.

Déi bekanntst Iwwersetzunge stame vum Carl Zuckmayer, deen 1938 och dem Bellman säin Theaterstéck Ulla Winblad erausbruecht huet, vum Fritz Grasshoff, engem Brudder am Geescht a vum Hans Carl Artman, deen 1976 mam Michael Korth bei Heimeran eng zweesproocheg Auswiel mat Texter, déi ee sange kann erausginn.

Schallplacken

Dem Bellman seng Lidder goufe vu villen däitsche Sänger interpretéiert:

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads