De Carl Linnaeus oder Carl Nilsson Linnaeus, an nodeem en am Joer 1762 geadelt gouf, Carl von Linné, gebuer den 23. Mee 1707 zu Råshult a Südschweden, a gestuerwen den 10. Januar 1778 zu Uppsala, war e schweedeschen Naturfuerscher.
Carl von Linné | |
---|---|
Gebuertsnumm | Carl Nilsson Linnaeus |
Gebuer |
23. Mee 1707 Råshult |
Gestuerwen |
10. Januar 1778 Uppsala |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun |
Universitéit Lund, Universitéit Uppsala |
Aktivitéit | Geolog, Professer, Botaniker, Dokter, Autobiograph, Biolog, Mykolog, Pteridolog, Zoolog, Entomolog, Ornitholog, Naturalist, Arachnolog, Mineralog |
Member vun | Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Philosophical Society |
Famill | |
Kanner | Carl von Linné Jr. |
Hien huet d'Taxonomie, eng binär Nomenklatur, agefouert an huet domat d'Grondlag geschaf vun der botanescher Fachsprooch. Hien huet de Linné-System vum Planzeräich agefouert.
Säi Liewen
De Carl Linnaeus huet seng Medezinstudien op der Universitéit zu Lund ugefaangen. Et huet dunn awer op d'Universitéit vun Uppsala gewiesselt, well do d'Botanik, säi Liblingsfach, méi grouss geschriwwe gouf. Wärend sengem Studium huet hien eng Expeditioun a Lappland gemaach, wou hien d'Planzewelt do méi genee studéiere konnt.
Wéinst dem villen Duercherneen, deen an der Andeelung vun der Planzewelt war, huet hien ugefaangen en eegene System z'entwéckelen. Dës Systematik huet hien a sengem Wierk, dem Systema naturae verëffentlecht.
1751 huet hien en zweet Buch erausginn, woudran hie säi System vun den Nimm virgestallt huet. No dësem System ginn haut nach d'Aarte vun de Liewewiese benannt: all Déieren a Planzen hunn en zweedeelegen Numm, wou deen éischten Deel den Numm vun der Gattung an deen zweeten den Numm vun der Aart ass.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Carl von Linné – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.