From Wikipedia, the free encyclopedia
D'CFL-Lokomotiven aus der Serie 4000 sinn Elektrolocken, déi bei der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL ënner den Nummere 4001 - 4020 immatrikuléiert sinn.
Serie CFL 4000 | ||
---|---|---|
Nummeréierung: | 4001-4020 | |
Stéckzuel: | 20 | |
Constructeur: | Bombardier | |
Baujoren: | 2004-2005 | |
Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
Achsformel: | Bo'Bo' | |
Déngschtmass: | 84 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 18900 mm | |
Héicht ouni Pantograph: | 3.845 mm | |
Maximal Achselaascht | 21 Tonnen | |
Héchstvitess: | 140 km/h | |
Stroumsystemer: | 25kV 50 Hz Wiesselstroum 15kV 16,7 Hz Wiesselstroum | |
Leeschtung: | 5600 kW | |
Zuchsécherungssystemer | Memor II+ PZB 90 KVB (net am Asaz) ETCS | |
Kraaft beim Ufueren | 300 kN | |
Bremskraaft: | 150 kN | |
Bremsen | Scheiwebremsen | |
Drockloftsystem | Uelegfräi Kolwekompressere VV270-T vu Knorr[1] |
Déi Lokomotive ginn zu Lëtzebuerg haaptsächlech am Gidderverkéier gebraucht, a kënnen zesumme mat de Voiturë vum Typ Dosto am Persouneverkéier agesat ze ginn.
Et si Lokomotiven aus der Gamme TRAXX déi vun der Firma Bombardier Transportation ënner der Typpebezeechnung TRAXX P140 AC1 gebaut goufen. D'Maschinne goufen nom Modell BR185.1 vun der DB AG mat e puer Adaptatioune vum Modell BR 146 gebaut, an tëscht September 2004 a Mäerz 2005 a Betrib geholl.
D'Iddi d'Säite vu Lokomotive fir Reklamm ze benotze kënnt aus Däitschland. D'CFL 4000 eegene sech besonnesch, well op de Säite vill fräi, a virun allem glat Fläch ass.
All d'Reklamme goufen an den Atelieren zu Péiteng gemaach a si gréisstendeels haut nach un de Maschinnen drun.
Verschidde Maschinne kruten ni eng Reklamm, well se haaptsächlech fir d'CFL Cargo gefuer sinn.
Nummer | Reklamm (Joer vun der Realisatioun) | Bemierkung | Foto |
---|---|---|---|
4001 | 2005: EU Presidence a Lëtzebuerger Wort, La Voix 2010: Biodiversitéit ass Liewen |
||
4002 | 2005: EU Presidence a Lëtzebuerger Wort, La Voix 2011: UNICEF Global Parents |
||
4003 | 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude" 2007: Kulturjoer; 2008: Blues Express 2011: Loscht op Ettelbréck |
||
4004 | 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude" 2011: Blues Express |
||
4005 | 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude" | ||
4006 | 2005: EU Presidence, "Tarif Escapade Belgique" an Top zum Job 2008:Top zum Job! Schweich > Trier > Luxemburg 2011: Croix-rouge luxembourgeoise 'Donnez pour agir' |
||
4007 | 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude" 2007: Stärenzuch '07 a "Festival des Jardins" 2011: Biking in Luxembourg www.bikingtours.lu 2015: Eppur si muove (eng Ausstellung am Mudam) |
||
4008 | 2005: EU Presidence 2008: DirActors-Festival |
||
4009 | 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee (Cegedel) | ||
4010 | 2008: Klimaschutz: Et läit an denger Hand. 2009: Lorraine TGV 2012: Musée Dräi Eechelen www.m3e.lu |
||
4011 | 2006: Spuerkeess 2007: Original Zoustand 2013: CFL Cargo |
gedeeft op den Numm Ettelbréck gouf 2008 bei engem Feier uerg beschiedegt |
|
4012 | 2013: CFL Cargo | gouf de 4. Mee 2016 op der Barriär zu Manternach bei engem Zesummestouss mat engem Baugefier beschiedegt[2] an ass mëttlerweil erëm reparéiert. | |
4013 | 2007: Kulturjoer 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee |
||
4014 | 2009: Fotosconcours 2009 2010: CFL Personal Reklamm |
||
4015 | |||
4016 | 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee 2012: Musée Dräi Eechelen www.m3e.lu |
Accidentéiert den 29.Juni 2010 zu Lëntgen | |
4017 | 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee 2011: A vous de chanter 2013: GAR |
||
4018 | 2005: "Mobile Attitude" 2009: 30 Joer UNICEF Lëtzebuerg |
gedeeft op den Numm Wolz | |
4019 | 2008: "eGO Kaart" 2013: 5519 |
||
4020 | 2005: Télévie 2006: 50 Joer Elektrifizéierung bei der CFL 2010: CFL Personal Reklamm 2013: 100 Joer Gare Lëtzebuerg 2017: Un train peut cacher deux rotondes |
Commons: CFL 4000 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.