From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eeërblumm, oder Botterblumm (Caltha palustris) ass eng Aart aus der Famill vun de Ranunculaceae. Si gehéiert zu den éischte Fréijoersbléier.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Uerdnung | Ranunculales |
Famill | Ranunculaceae |
Gattung | Caltha |
Aart | Eeërblumm |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Caltha palustris | |
L. | |
D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëscht 15 a 50 cm héich a blitt tëscht Mäerz a Mee. Eng zweet Bléi kann tëscht Juli an Oktober virkommen. D'Blieder si donkelgréng a blénkeg, häerzfërmeg an um Rand gekierft.
Dem Heng Klees no huet si nach follgend Nimm: Botterblumm, Fräscheblumm, Dueder (-blumm), Inteblumm, Jongeblumm (an eng Rëtsch weider méideiteg Bezeechnungen).
De wëssenschaftlechen Aartennumm kënnt aus dem laténgeschen: palustris staamt vun palus = Supp, en Hiweis op déi gewéinlech fiicht Plazen, op deene d'Planz virkënnt.
Wiktionnaire: Eeërblumm Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.