From Wikipedia, the free encyclopedia
De Biesem ass eng Zort Kierbiischt wéi se fréier op all Bauerenhaff ze fanne war.
De Biesem gouf benotzt fir graff Kieraarbechten am Haff, an der Scheier an an de Ställ ze maachen.
E Biesem huet aus Rudde bestanen, déi vum Biesemsbënner ëm e Still gebonne goufen.
Do wou et méiglech war ass fir d'Rudde vum Biesem Gënz geholl ginn, soss waren et meeschtens d'Spëtze vu Bierkenäscht oder vum Wäisse Faulbam, a wann där keng opzedreiwe waren, goufe Bichen- oder Hobichenäscht geholl. Fir gläichméisseg déck Rudden ze kréien, goufen déi beim Fäschemaachen erausgesënnert.
D'Hexe ginn op Biller dacks mat engem Biesem duergestallt, op deem se reiden.
Aalt Lidd op de Biesembënner
Gut Besn hat er lang gemacht
Auß Birkenreisig / gut und geschlacht
Erstlich in die Form geboten
Darnach fst zusammgezogn
Mit schnurr und drat
gar künstlich fein
Anspitzt, darzu ein buchnstap hinein
Fest Haus und Hof, was man wil han
Vil besn er noch machn kan.
Commons: Biesen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.