From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Argyre Planitia ass eng kreesfërmeg Déiffläch op der südlecher Hemisphär vum Planéit Mars. Argyre Planitia ass nom Hellas Planitia an dem Isidis Planitia dat drëttgréisst Aschlagbecken um Mars.
Argyre Planitia | |
---|---|
Eegenschaften | |
Regioun | Meridiani Planum |
Breet | -49.84 |
Längt | 316.69 |
Duerchmiesser | 893 km |
Déift | 5000 m |
Alter | ronn 3,9 Mrd. |
Entdecker | |
Genannt nom | Numm leet sech aus dem Algriicheschen of a bedeit souvill wéi „Sëlwreg Fläch“ |
Den Zentrum vum Gebitt ass op 49,4° südlecher Breet an 42,8° westlecher Längt. D'Fläch läit tëscht den Héichlandregiounen Aonia Terra an Noachis Terra.
D'Argyre Planitia entstoung viru ronn 3,9 Milliarde Joer, wärend der geologescher Fréigeschicht vum Planéit, duerch den Impakt vun engem grousse Meteorit. D'Aschlagbecken huet en Duerchmiesser vu ronn 900 km a läit duerchschnëttlech 5 km méi déif wéi Nopeschregioune. Um Buedem vum Dall sinn en ettlech grouss Impaktkrateren, de gréissten dovun, den Hooke (44° 55′ S, 44° 24′ W ) op sengem Nordrand, huet en Duerchmiesser vun 138 km. An der Mëtt vun den Hiwwele vum ëstleche Kraterrand, op der Grenz mat Noachis Terra, läit den 224 km groussen Impaktkrater Galle (50° 38′ S, 31° 0′ W ). Doriwwer eraus hiewe sech relativ schaarf ofgegrenzt Fielsformatiounen aus dem Flaachland ervir.
Commons: Argyre Planitia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.