From Wikipedia, the free encyclopedia
Alberta ass eng Provënz am Süde vum Kanada. Alberta gehéiert zanter dem 1. September 1905 zu der Kanadescher Konfederatioun. Den Numm kënnt vun der Prinzessin Louise Caroline Alberta, Duchess of Argyll, enger Duechter vun der brittescher Kinnigin Victoria.
Alberta | |||||
| |||||
Devise: Fortis et liber | |||||
All Provënzen an Territoirë vu Kanada | |||||
Land: | Kanada | ||||
Haaptstad: | Edmonton | ||||
Gréisst Stad: | Calgary | ||||
Premierminister: | Jason Kenney (UCP) | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 6. Plaz 661.848 km² 3 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 4. Plaz 3.645.257 (2011) 5,69/km² | ||||
Deel vu Kanada ginn: | 1. September 1905 | ||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
Zäitzon: | UTC-7 | ||||
Postcode: | AB |
Alberta grenzt am Norden un d'Nordwest-Territoiren, am Süden un den US-Bundesstaat Montana, am Westen u British Columbia an am Osten u Saskatchewan.
D'Haaptstad Edmonton läit bal genee an der Mëtt vun der Provënz, do gëtt och de meeschte Pëtrol raffinéiert. Am Süden, wou ë. a. Calgary läit, sinn déi meescht Ranchen.
An Alberta sinn eng Hellewull vu Séien, déi dräi gréisst Séie sinn de Lake Athabasca (7.898 km²), Lake Claire (1.436 km²) an de Lesser Slave Lake (1.168 km²). (Am Verglach: De Stauséi Uewersauer huet eng Fläch vun 3,8 km².)
Am Weste sinn d'Ausleefer vun de Rocky Mountains.
Déi gréisst Stied sinn (a Klammeren d'Awunnerzuel am Joer 2006):
Alberta ass déi räichst Provënz a Kanada. Den Äerdueleg a -gas an d'Agrarwirtschaft sinn d'Branchen déi am meeschten Ëmsaz maachen. An Alberta ass een Drëttel vun de weltwäite Äerduelegreserven. No Saudi-Arabien ass Kanada de Staat mat den zweetmeeschte Äerduelegreserven.
D'Rannerzuucht ass awer zanter dem BSE-Skandal am Joer 2003 réckleefeg.
Aner Branchen déi zum Wuelstand an Alberta bäidroe sinn d'Rëschtungsindustrie, d'Loft- a Raumfaarttechnik an den IT-Beräich.
Commons: Alberta – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.