Dës Säit befaasst sech mam Joer 1520.
- 15. Juni: De Poopst Leo X. erkläert de Martin Luther a senger Bulle „Exsurge Domine“ zum Ketzer.
- 30. Juni: An der „Noche Triste“ („Traureg Nuecht“) verdreiwen d'Azteken d'spuenesch Truppen ënner dem Hernán Cortés aus Tenochtitlán, der Haaptstad vum Aztekeräich.
- Juli: De Martin Luther gëtt vum Kierchebann betraff.
- 22. September: De Selim I., zanter 1512 un der Muecht, stierft, säin Nofollger gëtt de Süleyman I. dee bis 1566 regéiere wäert.
- 23. Oktober: De Karl V. gëtt zu Oochen zum Keeser gekréint.
- 8. an 9. November: Am Stockholmer Bluttbad léisst de Kinnek Christian II. vun Dänemark ronn 100 Perséinlechkeete vum schweedeschen ëffentleche Liewen hiriichten. Dëst ass d'Enn vun der Kalmarer Unioun.
- 10. Dezember: De Martin Luther verbrennt zu Wittenberg d'peepstlech Bulle „Exsurge Domine“.
- Eccius Dedolatus (Den entdeckten Eck), eng Spottschrëft géint dem Luther säi Géigespiller Johann Eck.
- 000Martin Masius, kathoulesche Geeschtlechen, Abt vun der Iechternacher Abtei.
- 01. August: Sigismund II., Kinnek vu Polen, Groussfürst vu Litauen, leschte Kinnek vun de Jagiellonen († 1572).
- 21. August: Bartholomäus Sastrow, däitsche Schrëftsteller († 1603).
- 10. Oktober: Alessandro Farnese, italieenesche Kardinol († 1589).