Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ëmweltschutz sinn all d'Dispositiounen, déi vun enger individueller Persoun, enger Organisatioun oder der Regierung zum Schutz vun der Ëmwelt geholl gi fir déi natierlech Liewensgrondlag vun alle Liewewiesen z'erhalen. D'Ëmwelt geréit duerch den demographeschen an technologesche Wandel ënner Drock an hiren Zoustand verschlechtert sech doduerch, deelweis op eng permanent Manéier. Dee Problem ass generell erkannt ginn a vill Regierungen hunn ugefaangen, Aktivitéiten, déi d'Ëmwelt degradéieren, ze verbidden. Dacks gëtt sech op een Deelberäich vun der Ëmwelt fokusséiert (zum Beispill de Buedem, d'Loft, de Klima, d'Waasser). Zënter den 1960er hunn Ëmweltschutzbeweegungen d'ëffentlech Bewosstsinn zu der Thematik verstäerkt.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.