Åke Wallenquist
schweedeschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
schweedeschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Åke Anders Edvard Wallenquist, gebuer de 16. Januar 1904 zu Västervik, a gestuerwen den 8. Abrëll 1994 zu Uppsala, war e schweedeschen Astronom.
Åke Wallenquist | |
---|---|
Gebuertsnumm | Åke Anders Edvard Wallenquist |
Gebuer | 16. Januar 1904 |
Gestuerwen |
8. Abrëll 1994 Uppsala |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun | Universitéit Uppsala |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
Member vun | Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Tëscht 1928 an 1935 huet hien am hollännesche Bosscha-Observatoire an Indonesien geschafft. 1948 krut hien eng Plaz als Assistenzprofesser um Observatoire Kvistaberg vun der Universitéit Uppsala. Do huet hien du mat Fuerschungen iwwer Duebelstären ugefaangen, awer geschwë goufen Oppe Stärekéip an hir Eegenschafte säin Haaptfuerschungsgebitt.
De Wallenquist war Member vun der Kinneklech schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm souwéi vun der Kinneklecher Gesellschaft vun de Wëssenschaften zu Uppsala. Vun den 1950er Joren un, war hien den Haaptauteur fir populärwëssenschaftlech Astronomie a Schweden. Seng Bicher hu ville jonke Mënschen d'Astronomie méi no bruecht.
1979 krut hien de Karin Gierow Präis vun der Svenska Akademien.
Am selwechte Joer gouf den Asteroid (2114) Wallenquist no him genannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.