![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/18/MSC_2014_Brzezinski_Kleinschmidt_MSC2014_%2528cropped%2529.jpg/640px-MSC_2014_Brzezinski_Kleinschmidt_MSC2014_%2528cropped%2529.jpg&w=640&q=50)
Zbigniew Brzezinski
amerikanesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Zbigniew Kazimierz Brzeziński, gebuer den 28. Mäerz 1928 zu Warschau, a gestuerwen de 26. Mee 2017 zu Falls Church, Virginia, war e polnesch-US-amerikanesche Politikwëssenschaftler.
Zbigniew Brzezinski | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Zbigniew Kazimierz Brzeziński |
Gebuer |
28. Mäerz 1928 Warschau |
Gestuerwen |
26. Mee 2017 Falls Church |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | McGill University |
Aktivitéit | Geopolitiker, Politolog, Pedagog, Universitéitsprofesser, Auteur, Kritiker |
Partei | Democratic Party |
Member vun | Council on Foreign Relations, American Academy of Arts and Sciences |
![]() |
HIe war vun 1966 bis 1968 Conseiller vum Lyndon B. Johnson a vun 1977 bis 1981 den Nationale Sécherheetsberoder vum US-President Jimmy Carter. Hie war Professer fir US-amerikanesch Aussepolitik op der Johns Hopkins University zu Washington, D.C., Conseiller am Center for Strategic and International Studies (CSIS) zu Washington, an Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu politeschen Analysen, z. B. iwwer den Totalitarismus.
Hie stoung der Theorie vum Unilateralismus no, d. h. datt nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun d'USA als eenzeg Weltmuecht iwwreg wieren, a sech deementspriechend ze behuelen hätten, datt dat esou bleift.