![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b4/EinsteinEhrenfestKamerlingh-OnnesWeiss.jpg/640px-EinsteinEhrenfestKamerlingh-OnnesWeiss.jpg&w=640&q=50)
Wëssenschaftler
From Wikipedia, the free encyclopedia
Wëssenschaftler si Leit, déi sech haaptberufflech a methodesch mat der Wëssenschaft an hirer Weiderentwécklung beschäftegen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b4/EinsteinEhrenfestKamerlingh-OnnesWeiss.jpg/640px-EinsteinEhrenfestKamerlingh-OnnesWeiss.jpg)
.
Am Reegelfall hu Wëssenschaftler eng ofgeschlossen Héichschoulbildung a schaffen als Fuerscher, heefeg och als Universitéitsprofesser.
Geneesou wéi een d'Wëssenschaften a verschidde grouss Beräicher wéi
- Naturwëssenschaften
- Geeschteswëssenschaften
- Ingenieur- a Strukturwëssenschaften
- Sozial- a Wirtschaftswëssenschaft en
ënnerdeelt, kënnen och déi wëssenschaftlech schaffend Leit den analoge Beräicher zougeschriwwe ginn.
Fir d'Naturwëssenschafte sinn dat ënner anerem: Physiker, Cheemiker, Astronomen, Geologe, Geographen, Biologen a Medezinner. An de meeschte Wëssensgebidder kann eng Ënnerdeelung an de Beräicher Grondlagefuerschung an Uwendung resp. Entwécklung getraff ginn.
Déi gréisst Aarbecht vun engem Wëssenschaftler ass:
- wëssenschaftlech Fuerschung op engem Gebitt oder am Iwwergangsberäich zu Nopeschdisziplinnen
- Léiertätegkeet op enger Universitéit (oder vu Praktika) als Héichschoulprofesser oder -assistent
- Ugewant Fuerschung an Entwécklung (F/E)
- Leedung an / oder Verwaltung vun Institutioune fir F/E respektiv vu grousse Projeten.
Déi wichtegst Institutiounen, op deene Wëssenschaftler schaffen, sinn:
- Universitéiten an Héichschoulen (als Professer, Dozent, wëssenschaftlechen Assistent oder Mataarbechter)
- Wëssenschaftlech Akademien, grouss Muséeën, Bibliothéiken
- Industrie (Secteur fir Fuerschung resp. fir Entwécklung) an Ziviltechniker