William Holden
US-amerikanesche Filmschauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De William Holden, gebuer de 17. Abrëll 1918 zu O’Fallon am Illinois als William Francis Beedle junior, a gestuerwen den 12. November 1981 zu Santa Monica a Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmschauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
William Holden | |
---|---|
am Joer 1952 | |
Gebuertsnumm | William Franklin Beedle |
Gebuer |
17. Abrëll 1918 O’Fallon |
Gestuerwen |
12. November 1981 Santa Monica |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Pasadena City College |
Aktivitéit | Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller |
Partei | Republican Party |
Famill | |
Bestuet mat | Brenda Marshall |
Liewenspartner(in) | Stefanie Powers |
Zoumaachen
1938 hat hie seng éischt Roll als Statist, ma gouf schonn ee Joer drop duerch seng Roll vum Joe Bonaparte am Clifford Odets sengem Golden Boy zum Star.
Hien huet 1954 den Oscar als beschte Schauspiller fir seng Roll am Film Stalag 17 vum Billy Wilder gewonnen, an d'Haaptroll a Filmklassiker wéi Sunset Boulevard, Sabrina (allebéid och vum Wilder) a Bridge on the River Kwai vum David Lean.