![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/ed/Carte_zone_euro.svg/langlb-640px-Carte_zone_euro.svg.png&w=640&q=50)
Wiesselcoursmechanismus II
Wiesselcoursofkommes / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Wiesselcoursmechanismus II (ofgekierzt WCM II; (Englesch: European Exchange Rate Mechanism II, ERM II) ass zanter dem 1. Januar 1999 e Wiesselcourssystem, deen tëscht verschiddenen EU-Länner besteet. De WCM II leet eng Bandbreet vu ± 15 Prozent un de Leetcours vun der Wärung vun engem WCM II-Member op den Euro fest.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/ed/Carte_zone_euro.svg/320px-Carte_zone_euro.svg.png)
Hellblo: Eurozon
Orange: WCM-II-Member, mat engem Opt-out
Hellgréng: WCM-II-Member
Giel: EU-Memberen, déi den Euro aféiere mussen
Rosa: Länner, déi den Euro mat offiziellem Accord agefouert hunn
Gréng: Länner, déi den Euro vu sech aus als Wärung agefouert hunn
Dat Europäescht Wärungssystem II (EWS II), ass den Nofollger vum Europäesche Wärungssystem (EWS), dat vum 13. Mäerz 1979 bis den 31. Dezember 1998 bestoung.
Den Ament si Bulgarien an Dänemark am WCM II. Ee Krittär vun de Konvergenzkrittären ass, datt e Land op d'mannst zwee Joer am WCM II si muss, ier et den Euro aféiere kann.