Wierfel
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Wierfel oder Cube (och gläichsäitegen Hexaeder, vum gr. hexáedron - „mat 6 Flächen“), ass ee vun de fënnef platonesche Kierper, méi genee en dräidimensionale Polyeder mat:
- sechs kongruente Quadraten als Begrenzungsflächen
- zwielef gläichlaange Kanten an
- aacht Ecker, bei deenen all Kéier dräi Begrenzungsfläche widderenee kommen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/4/48/Hexahedron.gif)
E Wierfel ass ee speziellen dräidimensionale Parallelepiped, e spezielle (well gläichsäitege) Quader an ee spezielle riicht quadratesche Prisma.