De Wenzel I. vu Lëtzebuerg, gebuer de 25. oder 28. Januar 1337 zu Prag, a gestuerwen den 8. Dezember 1383 an der Stad Lëtzebuerg, war Herzog vu Lëtzebuerg, Brabant a Limburg.

Séier Fakten Titelen, Zäit ...
Wenzel I. vu Lëtzebuerg
Thumb
Titelen
Herzog vu Lëtzebuerg
Zäit 1353 bis 1383
Virgänger Karel I.
Nofollger Wenzel II.
Biographie
Gebuer 25. Februar 1337 jul.
Prag
Gestuerwen 8. Dezember 1383 jul.
Lëtzebuerg
Papp Jang de Blannen
Mamm Béatrice vu Bourbon
Geschwëster Karel I. vu Lëtzebuerg, Nikolaus vu Lëtzebuerg, Jean-Henri vu Mieren, Bonne vu Lëtzebuerg, Margréit vu Béimen, Anna vu Béimen
Zoumaachen
Thumb
D'Graf vum Wenzel I. zu Orval

Hie war de jéngste Jong vum Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen. 1353 krut hie vu sengem Hallefbrudder Karel I. d'Grofschaft Lëtzebuerg mat hiren "Annexen" (an der Haaptsaach d'Maarkgrofschaft Arel an d'Grofschaften Durbuy a La Roche) als "Herzogtum" iwwerdroen. Hie war domat den éischten Herzog vu Lëtzebuerg. 1364 konnt de Wenzel I. d'Grofschaft Chiny, mat ë. a. der Abtei vun Orval, opkafen an nieft sengem Herzogtum weiderféieren.

Am Mäerz 1354 huet hie sech mat der Jeanne vu Brabant bestuet, der eelster Duechter vum Jean III., Herzog vu Brabant a vu Limburg, a gouf d'Joer drop, de 5. Dezember 1355, och an deenen Herzogtemer als Herzog unerkannt, nodeem e garantéiert hat, datt en déi lokal Privileegie weider respektéiere géif.

Hien ass ouni Kanner gestuerwen, a sou huet säin Neveu, de Wenzel II., de Lëtzebuerger Troun iwwerholl.

Seng lescht Rou huet hien an der fréierer Abteikierch vun Orval fonnt.

Éierung

Fir un de Wenzel I. z'erënneren, gouf am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Wenceslas 1er verbënnt d'Hollerecher Strooss mat der Rue d'Alsace.

Virgänger:
Karel I.
Herzog vu Lëtzebuerg
1353 - 1383
Nofollger:
Wenzel II.

Um Spaweck

Commons: Wenceslaus I of Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.