Weltbank
Organisatioun vun de Vereente Natiounen / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Grupp vun der Weltbank ass eng spezialiséiert Ënnerorganisatioun vun de Vereente Natiounen. D'Weltbank an den Internationale Wärungsfong (FMI) goufen 1944 opgrond vun de Beschlëss vun der Konferenz vu Bretton Woods, gegrënnt. Hire Sëtz, grad wéi dee vun der Schwësterorganisatioun, dem Internationale Wärungsfong, ass zu Washington D.C.. Si beschäftegt 9 300 Persounen. De Grupp vun der Weltbank hat ursprénglech den Zweck, d'Reconstructioun nom Zweete Weltkrich an den zerstéierte Länner ze finanzéieren.Hien ëmfaasst fënnef Organisatiounen, déi hir eege Rechtdsperséinlechkeet hunn:
- International Bank fir d'Rekonstruktioun an d'Entwécklung (International Bank for Reconstruction and Development – IBRD)
- International Entwécklungsassociatioun (International Development Association – IDA)
- International Finanz-Korporatioun (International Finance Corporation – IFC)
- Multilateral Investitiouns-Garantie-Agentur (Multilateral Investment Guarantee Agency – MIGA)
- Internationalen Zenter fir d'Bäileeë vun Investitiounsstreidereien (International Center for the Settlement of Investment Disputes – ICSID)
De Weltbankgrupp ass verwaltungsméisseg verflecht an huet zesummen ee President.
De Begrëff "Weltbank" (am Géigesaz zur "Weltbankgrupp") ëmfaasst nëmmen déi zwou éischt vun de fënnef méi héich opgeféierten Organisatiounen.