Wellelängt
klengsten Ofstand tëscht zwéi Punkte vun der selwechter Phas vun enger Well / From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Wellelängt, Symbol λ (griichesch: Lambda), gëtt de klengsten Ofstand tëscht zwéi Punkte vun der selwechter Phas vun enger Well bezeechent. Dobäi hunn zwéi Punkten déi selwecht Phas, wa si sech op déi selwecht Aart a Weis begéinen, d. h. wa si am zäitlechen Oflaf déi selwecht Amplitude an déi selwecht Beweegungsrichtung hunn. Bei Waasserwellen ass d'Wellelängt zum Beispill de Ofstand vun zwéi Wellebierger oder Wellendäll niefteneen a gëtt an deem Fall mam Symbol L bezeechent. Si ass de raimlechen Analogon zu der Periodendauer.
Et gëllt
woubäi c d'Ausbreedungsvitess oder d'Phasevitess an f d'Frequenz vun der Well ass. D'Ausbreedungsvitess huet eng wiesentlech Bedeitung beim Zesummenhank vu Wellelängt a Frequenz.