![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f4/Rhaphigaster.nebulosa.6903.jpg/640px-Rhaphigaster.nebulosa.6903.jpg&w=640&q=50)
Wanzen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Wanzen (Heteroptera) sinn Insekten, déi zu der Uerdnung vun den Hemiptera gehéieren. Et gëtt eng 40.000 bekannten Aarten op der Welt; an Europa liewen der zirka 1.000. Wanze kënne ganz verschidde Formen hunn an ënnerscheede sech och staark, wat hir Liewensformen oder Liewensraim ubelaangt. Et gëtt der, déi de Jus vu Planze suckelen, aner Aarten iwwerfalen aner Insekten, nees anerer, wéi d'Bettwanz, sinn Ektoparasiten. Wanze liewen a Wisen, um Bord vun an a Bëscher, mä och a mënschleche Wunnengen, z. B. d'Gro Gaardewanz Rhaphigaster nebulosa, déi zënter den 2010er Jore besonnesch am Hierscht opfält, wa s'n Masse versicht, an Haiser anzedrénge fir z'iwwerwanteren.
![]() |
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Wanzen | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() Eng Gro Gaardewanz Rhaphigaster nebulosa | |||||||||
Systematik | |||||||||
| |||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||
Heteroptera Latreille, 1810 |
Zoumaachen