From Wikipedia, the free encyclopedia
E Waarmloftballon ass e Gefier fir an der Loft ze zirkuléieren. E besteet aus enger Enveloppe (haut meeschtens aus Nylon), déi mat gewiermter Loft gefëllt ass. Drënner hänkt e Kuerf (oder "Gondel"), fir Leit, Material a Ballast ze transportéieren, an och eng Quell Brennes, fir d'Loft z'erhëtzen. De Prinzip baséiert drop, datt waarm Loft am Ballon par Rapport zu der kaler ronderëm eng manner grouss Densitéit huet, an de Ballon deemno en Opdriff kritt.
Et ass dat eelst Loftgefier, mat deem de Mënsch an d'Luucht goe konnt. Den 21. November 1783 ass eng éischt Kéier e Ballon, deen net un enger Léngt houng, mat 2 Leit dran, dem Jean-François Pilâtre de Rozier an dem François Laurent d'Arlandes fléie gelooss ginn. Erfonnt a gebaut haten en d'Bridder Joseph-Michel a Jacques-Etienne Montgolfier. E Waarmloftballon heescht nach haut op Franséisch Montgolfière.
Scho Joerhonnerte virdrun haten d'Chinese kleng Lampione mat waarmer Loft fléie gedoen, an an Europa hat schonn de Bartolomeu de Gusmão den 8. August 1709 en onbemannte Ballon mat waarmer Loft fléie gedoen.
Ier se Leit fräi fléie gelooss hunn, haten d'Bridder Mongolfier fir d'éischt mat Déieren, an da mat engem Ballon un enger Léngt drun, experimentéiert.
1794 bei der Schluecht vu Fleurus, gouf e Waarmloftballon eng éischt Kéier militäresch agesat, fir vun do aus e besseren Iwwerbléck iwwer d'Schluechtfeld ze hunn.
Zu Lëtzebuerg gëtt et e Veräin, dee sech mam Waarmloftballon-Fléien ofgëtt, d'Commune Aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg.
Commons: Waarmloftballonen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.