From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Wäschkichen (heiansdo och Buanderie op Franséisch genannt) ass e Raum an engem Haus an deem d'Wäsch gemaach an heiansdo och gestreckt gëtt.
Eng Wäschkiche kann an engem Wunngebai sinn oder an anere gréisseren Etablissementer wéi engem Spidol oder engem Hotel. Si ass typescherweis am Keller ze fannen, mee dat ass net ëmmer de Fall. An engem Wunngebai mat e puer Appartementer kann d'Wäschkichen eng Gemeinschaftswäschkiche fir e puer Wunnenge sinn. Gréisser Wunnenge kënnen hire eege separat Wäschkichen hunn.
Zu den Haaptequipementer vun enger Wäschkiche zielen d'Wäschmaschinn an den Trockner. Donieft kann een do och e Lavabo, en Dësch fir d'Kleeder ze falen oder ze strecken, e Wäschkuerf oder eng Wäschléngt fannen.
Den Numm vum Raum kënnt dohier, well fréier d'Wäsch wéi an enger Kichen an engem Wäschkessel gekacht gouf.
Commons: Wäschkichen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.