From Wikipedia, the free encyclopedia
E Verkéierswarnschëld ass eng vertikal Signalisatioun am Stroosseverkéier, fir op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkten opmierksam ze maachen.
An Europa, bal iwwerall an Afrika an am groussen Deel vun Asien sinn et bal ëmmer Dräiecke mat der Spëtzt no uewen, mat engem roude Bord a bannendran engem Piktogramm op wäissem (heiansdo gielem) Fong. Déi heefegst aner Form, déi virun allem um amerikanesche Kontinent virkënnt, ass e giele Quadrat, deen op der Spëtzt steet. D'Kaart hei niewendru weist déi geographesch Verdeelung vun de Varianten.
Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Warnschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière ënner der Rubrik I. SIGNAUX D'AVERTISSEMENT DE DANGER beschriwwen.
Bedeitung | Bezeechnung(en) | Bemierkung | |
---|---|---|---|
1 | Geféierlech Kéier oder geféierlech Kéieren | Schëld A, 1a - Schëld A, 1b | |
2 | Geféierlech Pente | Schëld A, 2 | |
3 | Staark Steigung | Schëld A, 3 | |
4 | Schmuel Strooss | Schëld A, 4a - Schëld A, 4b | |
fréiert Schëld: Beweeglech Bréck | Schëld A, 5 | Dëst Schëld gëtt et zanter 2012 net méi am Lëtzebuerger Code de la route | |
5 | Quai oder Uwänner vun engem Floss | Schëld A, 6 | |
6 | Onreegelméissege Profil | Schëld A, 7a - Schëld A, 7b - Schëld A, 7c | |
7 | Glëtscheg Fuerbunn | Schëld A, 8 | |
8 | Projektioune vu Waken | Schëld A, 9 | |
9 | Steeschlag | Schëld A, 10 | |
10 | Foussgängeriwwergank | Schëld A, 11a | |
11 | Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer | Schëld A, 11b | |
12 | Debouché vu Foussgänger a Vëlosfuerer | Schëld A, 12 - Schëld A, 12a - Schëld A, 12b | |
12bis | Debouché vu Reider | Schëld A, 12c | |
13 | Kanner | Schëld A, 13 | |
14 | Passage vun Déieren | Schëld A, 14 - Schëld A, 14a | |
15 | Schantjen | Schëld A, 15 | |
16 | Verkéiersluucht | Schëld A, 16a | |
17 | Reduzéiert Siicht | Schëld A, 17 | |
fréiert Schëld: Fluchhafen | Schëld A, 17 | Dëst Schëld gëtt et zanter 2012 net méi am Lëtzebuerger Code de la route | |
18 | Säitewand | Schëld A, 18 | |
19 | Verkéier an zwou Richtungen | Schëld A, 19 | |
20 | Stau | Schëld A, 20a | |
21 | Fuerbunn blockéiert | Schëld A, 20b | |
22 | Aner Geforen | Schëld A, 21 | |
23 | Kräizung mat enger oder méi Stroossen ouni Virfaart | Schëld A, 22a - Schëld A, 22b - Schëld A, 22c | |
24 | Kräizung mat Rietsvirfaart | Schëld A, 23 | |
25 | Rond-point | Schëld A, 24 | |
26 | Gleisiwwergank mat Barriären | Schëld A, 25 | |
27 | Gleisiwwergank ouni Barriären | Schëld A, 26 | |
28 | Distanzschëlter bis bei de Gleisiwwergank | Schëld A, 27a - Schëld A, 27b - Schëld A, 27c | |
29 | Tramsgleis | Schëld A, 28 | |
30 | Virwarnung fir eng Bushalt | Schëld A, 29 |
D'Verkéierswarnschëlter sinn Dräiecke, mat enger Spëtzt no uewen. De Bord vum Dräieck ass rout, den Hannergrond ass wäiss an d'Symboler oder d'Opschrëfte si schwaarz. Op de variabele Verkéiersschëlter kënnen d'Symboler oder d'Opschrëfte hell op däischterem Hannergrond sinn, absënns wann et technesch néideg ass oder fir datt ee se besser liese kann.
An den Uertschaften muss d'Säitelängt vun de Verkéierswarnschëlter op d'mannst 600 mm laang sinn, baussent den Uertschaften op d'mannst 900 mm an op den Autobunnen op d'mannst 1.250 mm.
Gemenkerhand ginn d'Schëlter op der rietser Säit an der Fuerrichtung a baussent der Fuerbunn opgeriicht. Am Kader vun enger Schantje kënne verschidde Schëlter op der Fuerbunn selwer opgestallt ginn.
D'Verkéierswarnschëlter ginn am Allgemenge baussent den Uertschafte vun der Bauverwaltung a bannent den Uertschafte vun der jeeweileger Gemengeverwaltung opgestallt. Am Kader vun engem Schantjen, ass deen, deen de Schantjen organiséiert, responsabel fir d'Verkéierswarnschëlter opzestellen.
Commons: Verkéierswarnschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.