Veganismus
Philosophie déi d'Benotzung vun Déieren refuséiert / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Veganismus ass eng Ernierungs- a Liewensweis, déi op planzleche Substanze baséiert. Leit, déi no deene Prinzippie liewen, nenne sech Veganer.
All Liewensmëttel, déi vun Déieren hierkommen, wéi Fleesch, Fësch, Eeër, Mëllech an all Produkter, déi doraus entstinn, gi bei där Ernierungsweis ofgeleent.
"Vegan" ass e Konschtbegrëff. Den Donald Watson (1910-2005), deen 1944 an England d'Vegan Society gegrënnt huet, huet dee Begrëff an de Krichsjoeren erfonnt, fir déi vegan Ernierungsweis vun anere Forme vum Vegetarismus ofzegrenzen. Deemools ass et och ëm déi verschidden Iessensratiounen an d'Zil vun de "mëllechfräie" Vegetarier gaangen: Eng extra Portioun Nëss amplaz vu Mëllech a Fleesch. Mat deem Begrëff huet hien der reng vegetarescher Ernierung en eegenen Numm an eng eegen Identitéit ginn.