From Wikipedia, the free encyclopedia
Den HD 209458, bekannt och ënner senger Verännerleche Stär-Bezeechnung V376 Pegasi, ass e Stär mat der visueller Magnitude vun 8 mag am Stärebild Pegasus. De Stär ass wéi eis Sonn, en huet d'Spektralklass G0 V an ass vun eiser Sonn ronn 160 Liichtjoer ewech. 1999 hunn zwéin Teams onofhängeg vuneneen d'Existenz vun engem Begleeder mat der Bezeechnung HD 209458 b entdeckt.
Stär HD 209458 V376 Pegasi / BD +18° 4917 | |
Stärebild: | Pegasus |
Daten | |
---|---|
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 22h 03m 10,772s |
Deklinatioun | + 18° 53' 03,55"[1] |
visuell Magnitude | 7,65 mag[1] |
Spektralklass: | G0 V |
verännerleche Stärtyp | V376 Pegasi |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (−14,8 ± 0,2) km/s[2] |
Parallax | (20,15 ± 0,80) mas |
Distanz | (162 ± 6) Lj |
Absolut Hellegkeet | +4,2 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | (1,1 ± 0,1) M☉ |
Radius: | (1,12 ± 0,02) R☉[3] |
Liichtkraaft: | ? L☉ |
Uewerflächentemperatur | ? K |
Aner Bezeechnungen | |
Bonner Duerchmusterung | BD +18° 4917 |
Henry-Draper-Katalog | HD 209458 |
Hipparcos-Katalog | HIP 108859 |
SAO-Katalog | SAO 107623 |
Tycho-Katalog | TYC 1688/1821/1 |
Weider Katalogen | V376 Pegasi |
D'Mass vum Stär ass ongeféier 110 % vun der Sonnemass, de Radius ass ongeféier 1,1-fach méi grouss wéi eis Sonn. D'Uewerflächentemperatur vu 6000 Kelvin produzéiert eng 1,6-fach méi hell Liichtkraaft wéi déi vun der Sonn. Den Alter vum Stär gëtt op 4 bis 7 Milliarde Joer geschat, d'Rotatioun ëm déi eegen Achs dauert 14,4 Deeg.
Haaptartikel: HD 209458 b
De Planéit mat der Bezeechnung HD 209458 b steet am Bléckpunkt vun der Fuerschung, well bei éischten Ënnersich staark Unzeeche fir Waasserdamp fonnt goufen. D'Mass vum Planéit ass 69 % vun der Jupitermass. Mat engem Bunnradius vun 0,045 AE ëmleeft hie säin Zentralstär 8-mol méi no wéi de Merkur eis Sonn. En Ëmlaf dauert nëmmen dräianenhalwen Dag.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.