![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/be/Ursa_Major_2.jpg/640px-Ursa_Major_2.jpg&w=640&q=50)
Ursa-Major-Grupp
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ursa-Major-Grupp ass de gréissten an hellsten Oppene Stärekoup um Nuetshimmel. Si besteet aus bal allen helle Stäre vum Stärebild Ursa Major an huet bis op den Dubhe (α UMa) an de Benetnasch (η UMa) all Stäre vum Ursa Major souwéi weider Stären a senger Ëmgéigend.
Date vun der Ursa-Major-Grupp (Beweegungskoup) | |
---|---|
![]() | |
Däitschen Numm | Großer Wagen Gruppe |
Engleschen Numm | Ursa Major Moving Cluster, Big Dipper |
Katalogbezeechnung | Cr 285 |
Rektaszensioun | 12h 25m |
Deklinatioun | +56° |
Equinoxe | 2000.0 |
Visuell Magnitude | 0,4m |
Distanz | 75 Liichtjoer |
Wénkelduerchmiesser | 20 Grad |
Absolutten Duerchmiesser | 30 Liichtjoer |
Alter | ? 10? Joer |
Hellste Stär | ε UMa 1,8m |
Stärebild | Ursa Major (UMa) |
D'Gréisst vun der Grupp huet 20°, bei enger mëttlerer Distanz vu 75 Liichtjoer also ongeféier 30 Liichtjoer. Hiren hellste Stär ass den Alioth (ε UMa) mat enger Hellegkeet vun 1,77 mag, d'Totalhellegkeet vum Koup ass (jee no Definitioun) op d'mannst 0,4 mag.
Den opfällege Stärenzuch vum Koup ass als Asterismus zanter Joerdausende bekannt. Wéi aner Stärekéip, déi wéinst hirer Noegkeet e grousse Wénkelduerchmiesser hunn (z. B. d'Hyaden an d'Coma Berenices), gouf hien awer net an de Standard-Kataloge Messier, NGC oder IC opgeholl. Eréischt de Per Collinder huet hien am Joer 1931 a säi Katalog mat oppene Stärekéip ënner der Bezeechnung Collinder 285 opgeholl.