slawesch Sprooch From Wikipedia, the free encyclopedia
Ukrainesch (uk: українська мова) ass eng vun de meeschtgeschwate slawesche Sproochen. Schrëftlech Beispiller vum Ukrainesch sinn zanter dem 10. Joerhonnert beluecht.
Ukrainesch українська мова | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Ukrain, Wäissrussland, Russland, Moldawien, Polen, Slowakei, Rumänien, Kasachstan, a vun Emigranten an den USA, Kanada, Brasilien an anere westeuropäesche Länner |
Regioun: | Osteuropa |
Gëtt geschwat vun: | 37 Millioune Mammesproochler, an 15 Milliounen Zweetsproochler |
Klassement: | 26 |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Ukrain, Transnistrien (Moldawien) |
Reglementéiert vun: | Ukrainesch Akademie vun de Wëssenschaften (Академія наук України) |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | uk |
ISO 639-2 | ukr |
ISO 639-3 | {{{iso3}}} |
Ukrainesch ass offiziell Landessprooch an der Ukrain an am net-unerkannten, mä de facto onofhängege Staat vun Transnistrien, souwéi eng regional unerkannt Sprooch a Rumänien, Serbien, der Slowakei, Polen, Kroatien a Bosnien an Herzegowina.
D'Schrëft baséiert sech op dat kyrillescht Alphabet. D'Transkriptioun an dat laténgescht Alphabet kann op sëllegen Aart a Weise geschéien - zu Lëtzebuerg gëtt sech meeschtens un d'Transkriptiounsreegele vum Duden gehalen.
Ukrainesch Alphabet
|
Ukrainesch gëtt mam ukraineschen Alphabet geschriwwen (ukr.: українська абетка oder український алфавіт), wat dem kyrilleschen Alphabet (ukr.: кирилична абетка oder кирилиця) entstaamt.
Wikipedia op Ukrainesch |
Commons: Ukrainesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.