USA for Africa
US-amerikanesch Museksprojet / From Wikipedia, the free encyclopedia
USA for Africa war 1985 ee Museksprojet mat deem Sue fir d'Welthongerhëllef an Afrika gesammelt goufen.
"USA" heescht an dësem Kontext net "United States of America" mä "United Support of Artists" (Gemeinsam Ënnerstëtzung vun Artisten).
Am Ufank huet den Harry Belafonte d'Iddi gehat, mat engem Museksstéck, dat vu schwaarze Kënschtler opgeholl gi wier, Sue fir Afrika ze sammelen. De Produzent Ken Kragen huet hien iwwerried, et mat enger amerikanescher Versioun vun „Band Aid“ ze probéieren. Hien huet och de Lionel Richie vun der Iddi begeeschtert, deem seng Fra och dem Stevie Wonder senger Fra dovu gezielt huet. Schlussendlech huet de Quincy Jones dat vum Michael Jackson a vum Lionel Richie geschriwwent Lidd “We are the world” produzéiert.
D'Lidd gouf den 28. Januar 1985 opgeholl, um Virowend vun den American Music Awards. Dofir war eng Instrumentalspur un intresséiert Sänger a Sängerinnen geschéckt ginn, zesumme mat enger Invitatioun, sech deen Owend am Studio ze treffen.