![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e9/Trex_edited.jpg/640px-Trex_edited.jpg&w=640&q=50)
Tyrannosaurus rex
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tyrannosaurus rex ass eng Dinosaurieraart aus der Uerdnung vun den Echsebeckesaurier (Saurischia).
Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Tyrannosaurus rex | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() E Fossil Skelett aus dem National Museum of Natural History, Washington D.C. National Museum of Natural History, Washington D.C. | |||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
Tyrannosaurus rex „Osborn“ 1905 |
Zoumaachen
Den T. rex, wéi en ëmgangssproochlech och nach genannt gëtt, war eent vun de gréisste Landraubdéieren iwwerhaapt, an huet am Zäitalter vun der Ieweschter Kräidepoch, méi genee am Maastrichtium, virun 68 bis 65 Millioune Joer, gelieft.
En hat e Gewiicht vu 6 bis 8 Tonnen a war 6 m héich an 13 m laang. En ass op den hënneschte Bee gelaf, hat just zwéi ganz kleng Äerm mat nëmmen zwéi Fangeren an e ganz beweeglechen Hals. Op der Juegd war en zimmlech lues.
Fonntplaze vu Fossilie sinn Alberta, Saskatchewan (Kanada); Montana, Texas, Wyoming (USA) an d'Mongolei.