Tour de Luxembourg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tour de Luxembourg ass eng Vëloscourse, déi zanter 1935 als Etappecourse zu Lëtzebuerg gefuer gëtt. Si ass vum Pierre Kellner, deemools Direkter vun der Zeitung Nouvelles Sportives, an d'Liewe geruff ginn.
Bei deenen zwou éischten Oploe vum Tour de Luxembourg konnten nëmmen "Independanten" a "Lëtzebuerger Profien" un de Start goen. Vun 1937 u waren och Profie vun aneren Natiounen zougelooss.
Zanter 2005 gëtt den Tour vu Škoda gesponsert an heescht zanterhier ŠkodaTour de Luxembourg. E gehéiert vun do un zum UCI Europe Tour an ass an der Kategorie 2.HC klasséiert.