![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d9/Tour_de_France_2011.jpg/640px-Tour_de_France_2011.jpg&w=640&q=50)
Tour de France 2011
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi 98. Editioun vum Tour de France gouf 2011 vum 2. bis de 24. Juli gefuer. D'Course hat eng total Distanz vun 3.471 Kilometer. 198 Coureure sinn an 22 Ekippen un den Depart gaangen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d9/Tour_de_France_2011.jpg/640px-Tour_de_France_2011.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/04/Etape_8_du_Tour_de_France_2011_L%27%C3%A9quipe_BMC.jpg/640px-Etape_8_du_Tour_de_France_2011_L%27%C3%A9quipe_BMC.jpg)
Se gouf am Generalklassement vum Australier Cadel Evans (BMC Racing) gewonnen. De Lëtzebuerger Andy Schleck (Leopard-Trek) gouf, mat engem Retard vun 1 min 34 s, Zweeten, a säi Brudder a Coequipier Fränk Schleck, op 2 min 30 s, Drëtten.