Luxembourg Basketball League
From Wikipedia, the free encyclopedia
Luxembourg Basketball League (kuerz LBBL) ass den aktuellen Numm vun der Nationale 1, der ieweschter Spillklass an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft am Basketball.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/e/ed/Total_League_Logo_2017.png/320px-Total_League_Logo_2017.png)
Tëscht 2012 an 2021[1] huet si Total League geheescht, benannt nom Haaptsponsor, der franséischer Pëtrolsfirma Total. Virdrun huet se Diekirch League geheescht.[2]
De Championnat gëtt vun der Fédération luxembourgeoise de basketball (FLBB) organiséiert.