![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/00/Tom_Waits_%25281974%25E2%2580%259375_Asylum_publicity_photo_-_with_cigarette%2529.jpg/640px-Tom_Waits_%25281974%25E2%2580%259375_Asylum_publicity_photo_-_with_cigarette%2529.jpg&w=640&q=50)
Tom Waits
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Thomas Alan (Tom) Waits, gebuer de 7. Dezember 1949 zu Pomona a Kalifornien, ass e US-amerikanesche Sänger, Komponist, Auteur a Schauspiller.
Tom Waits | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Thomas Alan Waits |
Gebuer |
7. Dezember 1949 Pomona |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Liddermécher, Sänger, Schauspiller, Komponist, Jazzpianist, Schrëftsteller, Jazzgittarist |
![]() |
Hien ass bekannt fir seng markant Stëmm, déi e Kritiker eng Kéier sou beschriwwen huet: Se kléngt, wéi wann ee s'an engem Faass Bourbon gesolpert hätt, dann e puer Méint an de Reez gehaangen hätt, a se dann op d'Strooss erausgehäit hätt, wou s'e puermol iwwerfuer gouf.
Hien huet seng Carrière als Museker an Night-Clubs ugefaangen, 1973 koum säin éischten Album, de melancholesche Closing Time eraus. No e puer weidere Placken huet hien 1980 ugefaangen, mam Francis Ford Coppola zesummenzeschaffen, fir deen en d'Musek vum Film One from the Heart geschriwwen huet, an och an e puer vu senge Filmer matgespillt huet (ë. a. The Outsiders, The Cotton Club an Dracula. Och mam Robert Altman a mam Jim Jarmusch huet hien zesummegeschafft. Zesumme mat senger Fra Kathleen Brennan huet en de surrealistesche Concertsfilm Big Time geschriwwen.
Seng Albumen aus den 1980er Joren Swordfishtrombones, Rain Dogs a Frank's Wild Years, hunn e besonnesche Klang, an deem gär Bléiserpartien aus der Soulmusek mat avantgardistesche Perkussiounen oder verzerrte Gittarekläng vermëscht huet.
Hien hat och eng erfollegräich Carrière als Theaterschauspiller. Eng jett bekannt Museker wéi de Bruce Springsteen, de Meat Loaf oder de Rod Stewart hu Lidder vun him gecovert