Tom Courtenay
brittesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tom Courtenay eigentlech Sir Thomas Daniel Courtenay, gebuer de 25. Februar 1937 zu Kingston upon Hull am Ost Riding vu Yorkshire anEngland, ass en englesche Schauspiller.
Tom Courtenay | |
---|---|
Gebuer |
25. Februar 1937 Kingston-upon-Hull |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Cheryl Kennedy |
Am Joer 1962 ass den Tom Courtenay als Schauspiller opgefall am Film The Loneliness of the Long Distance Runner vum Tony Richardson. Zwee vu sengen nächste Filmer Billy Liar (1963) vum John Schlesinger a King and Country (1964) vum Joseph Losey sinn um Filmfestival zu Venedeg gelaf.
Duerno ass hie beim breede Publikum bekannt ginn duerch seng Rollen an de Filmer Operation Crossbow (1965) vum Michael Anderson an Doctor Zhivago (1965) vum David Lean.
2012 war de Courtenay zesumme mat der Maggie Smith an der Pauline Collins am Film Quartet vum amerikanesche Schauspiller a Regisseur Dustin Hofmann ze gesinn.