From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Takekazu Asaka (op Japanesch: 浅香武和), gebuer 1952 zu Tokio, ass e japanesche Linguist, Professer fir romanesch Sproochen op der Universitéit Tsuda[1] an Iwwersetzer. Hie gouf als notabele Fuerscher vun der galicescher Sprooch bekannt.[2]
Dëse Wëssenschaftsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hien huet zu Madrid Sproochwëssenschaft studéiert. Zanter 1978 eruerscht den Asaka déi galicesch Sprooch a hir Grammaire.[2] 1993 huet hien dat éischt Buch op Japanesch, iwwer d'Grammaire vun der moderner galicescher Sprooch geschriwwen.[3] Den Takekazu Asaka nennt sech en "Ambassadeur vun der galicescher Sprooch a Japan"; hien enseignéiert Sprooch a Kultur vu Galicien a sengem Land.[4] Zanter 2017 ass hien akadeemesche Korrespondent vun der Kinneklecher Akademie vu Galicien.[5]
Hien ass och bekannt als Iwwersetzer vun der galicescher Poesie op Japanesch.[2][3][4]
Den Asaka schafft och als Professer fir d'Grammaire vun der spuenescher Sprooch zu Tokio.[4] Hie schwätzt och Katalounesch, Baskesch, Englesch a Franséisch.[6]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.