![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fc/Tak7.jpg/640px-Tak7.jpg&w=640&q=50)
Tak
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Tak ass eng quadratesch gosse Plack, déi eng Säitelängt vun ongeféier engem Meter huet, an déi un d'Mauer an enger Schminni gehaange gouf, fir datt se d'Hëtzt vum Feier sollt späicheren a reflektéieren. Meeschtens waren, a Relief, Dekoratiounen op der Tak, dacks z. B. Wopen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fc/Tak7.jpg/640px-Tak7.jpg)
Bei verschiddenen Haiser war hanner der Tak e Lach an der Mauer, dat op där anerer Säit mat enger Dier konnt op- oder zougemaach ginn. Dëst huet et erméiglecht, datt d'Hëtzt vun der Tak och an d'Nopeschzëmmer ausgestraalt konnt ginn. Dëst nennt een en Takeschaf.