De Südpol ass ee vun zwéi geographesche Polen an am allgemenge Sproochgebrauch de südlechste Punkt vun der Äerd. E läit an Antarktika an entsprécht dem südlechen Dréipunkt vun der Äerdachs; e gëtt och als geographesche Süddpol bezeechent. Donieft gëtt et och den antarktesche Magnéitpol, den antarktesche geomagnéitesche Pol souwéi de Südpol vunder Inaccessibilitéit.
Kaart vun der Antarktis mam Südpol
Geographesche Südpol, lénks den US-Fändel, an der Mëtt eng Gedenkplack, d'Staang riets am Bild kennzeechent d'Polachs
Zeremonielle Südpol, mat ronderëm de Fändele vun de Staaten déi den Antarktika-Traité mat ënnerschriwwen hunn
Déi nei Amundsen-Scott-Südpolstatioun (Situatioun 2005). De geographesche Südpol ass mat de Fändelen am Hannergrond markéiert