![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/95/Supermarine_Spitfire_Mk_XVI_NR.jpg/640px-Supermarine_Spitfire_Mk_XVI_NR.jpg&w=640&q=50)
Supermarine Spitfire
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Supermarine Spitfire war en engleschen eesëtzegen Offangjeeër, der virun allem am Zweete Weltkrich vun der Royal Air Force a vu villen Alliéierten agesaat gouf. Déi gutt Wendegkeet (haaptsächlech de kuerze Radius an de Kéieren) huet de Spitfire bei de Pilote ganz beléift gemaach. De Spitfire gouf ënner dem Chefconstructeur Reginald J. Mitchell († 1937) a sengen Nofollger entwéckelt. De Spitfire gouf wärend dem ganzen Zweete Weltkrich an de verschiddenste Varianten agesaat.
Méi Informatiounen Beschreiwung Spitfire Mk.Vc, Ofmiessungen ...
Supermarine Spitfire | ||
---|---|---|
![]() | ||
Beschreiwung Spitfire Mk.Vc | ||
Aufgab | Dagjeeër | |
Besatzung | 1 Pilot | |
1. Fluch | 5. Mäerz 1936 | |
An Déngscht zanter | August 1938 | |
Constructeur | Supermarine | |
Ofmiessungen | ||
Längt iwwer alles | 9,12 m | |
Spannwäit | 11,23 m | |
Héicht iwwer alles | 3,86 m | |
Gewiicht | ||
Gewicht eidel | 2313 kg | |
Maximalt Startgewiicht | 3078 kg | |
Undriff | ||
Motor | 1 Rolls-Royce Merlin 45 | |
Leeschtung | 1470 PS | |
Leeschtung | ||
Maximal Vitess | 602 km/h (op 4000 Meter Héicht) | |
Kampfreechwäit | 756 km | |
Maximal Fluchhéicht | 11.280 m (35.000 Fouss) | |
Bewaffnung | ||
Geschëtzer | 2 × 20 mm Kanounen 4 × 7,7 mm Maschinnegewierer | |
Bommen | 1 × 230-kg-Bomm |
Zoumaachen
Et goufen eppes méi wéi 20.300 Spitfire vun alle Variante vun der Firma Supermarine an och anere Gesellschafte gebaut a verschiddener ware bis an 1950er Joren am Déngscht.