![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/88/A_picture_of_the_Steward_Observatory.jpeg/640px-A_picture_of_the_Steward_Observatory.jpeg&w=640&q=50)
Steward Observatoire
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Steward Observatoire ass d'astronomesch Fuerschungsariichtung vun der Universitéit vun Arizona, an enker Verbonnenheet mat hirem Astronomie-Departement. Den 1916 gegrënnten Observatoire huet seng Haaptplaz um Campus vun der Universitéit zu Tucson. Do sinn och d'Fuerschungsariichtunge vum Vatikanobservatoire.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/88/A_picture_of_the_Steward_Observatory.jpeg/640px-A_picture_of_the_Steward_Observatory.jpeg)
De Steward Observatoire ass un Teleskope vu verschiddene buedemgebonnenen Observatoire bedeelegt:
- Mount Graham: 2 × 8,4m Large Binocular Telescope, 1,8m VATT mat dem Vatikaneschen Observatoire, 10m Heinrich-Hertz-Teleskop.
- Mount Hopkins: 6,5m Multiple Mirror Telescope.
- Las-Campanas-Observatoire: 2 × 6,5m Magellan-Teleskop.
- Arizona Radio-Observatoire um Kitt Peak: 12m-Radioteleskop, 2,3m Bok-Teleskop, 1,8m an 0,9m Spacewatch-Teleskope, 0,6m Super-LOTIS.
- Mount Lemmon: 1,52 an 1,0m-Teleskopen.
- Catalina Station um Mount Bigelow: 155 cm a 76 cm-Teleskopen.
De Steward Observatory Mirror Laboratory stellt Teleskopspigele bis zu 8,4 m Duerchmiesser hier, z. B. fir de Large Synoptic Survey Telescope an de geplangten Giant Magellan Telescope mat siwen 8,4 m-Spigelen.
De Steward Observatoire war oder ass un der Entwécklung vun Instrumenter fir d'Weltraumteleskopen IRAS, HST, Spitzer an JWST bedeelegt.