From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Starfleet Academy (letz.: Stäreflotten Akademie, de.: Sternenflotten Akademie) ass d'Ausbildungsstätt fir nei Offizéier an der Stäreflott. Hiren Haaptsëtz ass zu San Francisco op der Äerd, wou se 2161 mam Motto Ex Astris, Scientia (wat souvill heescht wéi Vun de Stären, d'Wëssen!) gegrënnt gouf.
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star-Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Televisiounsserie oder aus de Star-Trek-Filmer. |
Jiddwer Bierger vun der Federatioun däerf sech vum 16. Liewensjoer un, an der Starfleet Academy aschreiwen. Als éischt muss allerdéngs en Opnameexame gemaach ginn, dee virun allem d'Allgemengwëssen, souwéi och d'Kentnesser an der Physik an an der Mathematik préift. D'Ausbildung dauert 4 Joer. Um Enn vun der Ausbildung, mussen déi Kadetten, déi am Kommandoberäich dénge wëllen, de Kobayashi Maru Test absolvéieren. Dat ass e simuléierte Kampfszenario op enger Bréck vun engem Raumschëff. An der Reegel kann een deen Zenario net gewannen, et geet dobäi nëmmen ëm d'Verhale vum Kadett.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.