![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/07/Una_lucertola_con_la_pelle_di_donna-Baker_cropped.png/640px-Una_lucertola_con_la_pelle_di_donna-Baker_cropped.png&w=640&q=50)
Stanley Baker
brittesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Stanley Baker, gebuer den 28. Februar 1928 zu Ferndale a gestuerwen den 28. Juni 1976 zu Málaga a Spuenien, war e walisesche Schauspiller a Filmproduzent.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Stanley Baker | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 28. Februar 1928 |
Gestuerwen |
28. Juni 1976 Málaga |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Wales |
Aktivitéit | Filmproduzent, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
![]() |
Zoumaachen
De Stanley Baker huet a ville bedeitende Filme matgespillt wéi 1951: Captain Horatio Hornblower (1951) vum Raoul Walsh, Richard III. (1955) vum Laurence Olivier, Eva (1962) vum Joseph Losey an Accident (1967) och vum Joseph Losey.
Hie war och a Groussproduktioune wéi Alexander the Great (1956) vum Robert Rossen, The Guns of Navaronne (1961) vum J. Lee Thompson an a Sodom and Gomorrha (1962) vum Robert Aldrich ze gesinn.
Hien huet an de Filmer Zulu a Sands of the Kalahari (1965) alle béid vum Cy Endfield net nëmmen eng Roll iwwerholl, mä hien huet déi Filmer och produzéiert.