Spréchwuert
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Spréchwuert[1] ass en "allgemeng bekannten, festgepräägte Saz, deen eng Liewensreegel oder Wäisheet a charakteristesch, kuerzer Form ausdréckt" (de Sprooch- a Literaturwëssenschaftler Wolfgang Mieder). Dacks sinn sou Sätz net um éischten Degré ze huelen mä just am iwwerdroene Sënn. Et fënnt een och heiansdo Spréchwierder déi sech widderspriechen, jee nodeem ob se z. B. d'Kéngt oder d'Virsiicht priedegen.
An der Sproochwëssenschaft gëtt d'Léier vun de Spréchwierder Parömiologie genannt.