Speckle-Interferometrie
From Wikipedia, the free encyclopedia
Speckle-Interferometrie ass eng Method fir kleng Distanzännerungen ze moossen. Koherent opgebreet Laserliicht léist op enger Uewerfläch Specklen aus. Duerch d'Interferenz ännert d'Muster, wa Verspannungen op der Uewerfläch, déi reflektéiert, oder lateral Beweegunge vun enger rauer Uewerfläch d'Distanz ëm Brochdeeler vun der Wellelängt (typesch Beweegungen: 5 nm bis 50 nm) veränneren.
An der Astronomie bezeechent Speckle-Interferometrie eng Method fir Bildverbesserung, déi bei äerdgebonnenen Teleskopen d'Verschlechterung, déi duerch d'turbulent Atmosphär entsteet, eliminéiert.