Sparta
From Wikipedia, the free encyclopedia
Sparta (algr.: Σπάρτη / Spártê oder Spárti, op doresch Σπάρτα / Spárta) oder Lakedaimon (Λακεδαίμων / Lakedaímôn) ass eng algriichesch Stad vum Peloponnes, op enger Plaz wou haut eng modern Stad mat 18.184 Awunner (2001) steet. Sparta läit um Eurotas, am Dall vu Lakonien, tëscht de Bierger Taygetos a Parnon. Sparta war d'Haaptstad vu Lakonien an nieft Athen an Theben eng vun de mächtegste Poleis am antike Griicheland.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der algriichescher Stad Sparta. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sparta (Homonymie). |