Soziale Mindestloun
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Soziale Mindestloun ass en Instrument dat dem Legislateur erméiglecht, d'Verdeelung vum nationale Revenu ze steieren.
De Code du Travail zu Lëtzebuerg seet am Artikel L.222-1, datt all Salarié, deen eng normal physesch an intellectuell Aptitude huet, ouni Ënnerscheed zum Geschlecht, Recht op de soziale Mindestloun huet. Den Niveau vun deem Loun gëtt duerch Gesetz sou festgeluecht, datt en dem Salarié erlaabt un der ekonomescher Entwécklung vum Land deelzehuelen.
Fir de soziale Mindestloun festzeleeën, ginn zwéin Haaptkrittären a Betruecht gezunn, an zwar den Alter vum Beschäftegten a seng Qualifikatioun.
De Soziale Mindestloun déngt am Sozialsystem och dacks als Basis fir d'Berechnung vun anere finanzielle Leeschtungen oder Obligatiounen, wéi z. B. Festleeë vu Mindest- a Maximalcotisatioune fir Krankekeesen, Unfallrenten asw.