From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Elsbier (Sorbus torminalis) ass eng Lafbamaart aus der Gattung vun de Sorbussen. Si gehéiert zu der Famill vun de Rosaceae.
Elsbier | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Uerdnung | Rosales |
Famill | Rosaceae |
Ënnerfamill | Spiraeoideae |
Gattung | Sorbus |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Sorbus torminalis | |
Crantz | |
Am Lëtzebuergesche gëtt et nach dës Nimm fir dee Bam: Ilenter, Ielechter/Eelechter/Älechter, Elecher, Eilecher, Ellrécher, Pelagor, wëlle Spier, wëlle Spirebam.[1]
D'Elsbier ass e summergrénge Bam, dee 15 bis 25 m, am Bësch heiansdo iwwer 30 m héich gëtt. D'Schuel ass bei deenen ale Beem dacks äschegro a klengschuppeg. Se ka liicht mat där vun der Eech verwiesselt ginn.
D'Blieder sinn ongeféier 2–7 cm laang, breet bis eefërmeg. De Bord ass spatz gelappt a liicht gezackt. Et sinn 3-5 Lappen. D'Bléie si wäiss a bilde riicht, locker Dolderispen. D'Hierschtfaarf ass goldgiel bis liicht rout. D'Friichte si verkéiert eefërmeg bis ronn, am Ufank olivgréng, duerno brong mat hellen Tëppelen an ongeféier 1,5 cm grouss. D'Elsbier gëtt bis zirka 100 Joer al, kann awer an Ausnamefäll méi al ginn.
D'Elsbier gëtt et zu Lëtzebuerg net sou dacks, gréisser Virkomme gëtt et op der Musel a ronderëm Steeën, Schrondweiler an Uewerglabech.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.