![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fc/Crepuscular_rays_in_ggp_2.jpg/640px-Crepuscular_rays_in_ggp_2.jpg&w=640&q=50)
Sonnestralung
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sonnestralung oder d'Solarstralung ass d'Stralung vun der Sonn. D'elektromagnéitesch Stralung huet hire Maximum am visuelle Liicht, ëmfaasst awer och aner elektromagnéitesch Welle vu Röntgen- an UV-Stralung bis zu Radiowellen. D'Partikelstralung, de Sonnewand, enthält haaptsächlech Elektronen a séier Ionen, déi vum Äerdmagnéitfeld an de Stralungsceinturen agefaange ginn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fc/Crepuscular_rays_in_ggp_2.jpg/640px-Crepuscular_rays_in_ggp_2.jpg)
Ëmgangssproochlech bedeit Sonnestralung och:
- dat siichtbaart Liicht (Liichtspektrum) vun der Sonn
- déi duerch d'Äerdatmosphär gefiltert Sonnestralung, kuckt och Himmel (planetär)
- Sonnestralen, déi duerch Schieter entstinn (kuckt Wollekestralen)