Solomon R. Guggenheim Museum
Musée fir modern Konscht / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Solomon R. Guggenheim Museum, kuerz einfach Guggenheim genannt, ass e Musée fir modern Konscht, deen 1939 gegrënnt gouf. E steet zu New York City, op der Fifth Avenue, am Quartier Upper East Side vu Manhattan.
Séier Fakten Land, Gemeng ...
Land | USA |
---|---|
Gemeng | Manhattan |
Koordinaten | 40°46'59"N, 73°57'32"W |
Fläch | 6 ha |
Architekt(en) | Frank Lloyd Wright |
Statut | Partie vun engem UNESCO Weltkulturierwen |
Datum vum Bau | 1937 |
Opgaangen | 21. Oktober 1959 |
Zoumaachen
E gëtt vun der Solomon R. Guggenheim Foundation géréiert an ass deen eelsten a bekanntste vun de Guggenheim-Muséeën. D'Gebai gouf vum Frank Lloyd Wright entworf an huet 1959 seng Dieren opgemaach.
De Schwéierpunkt vun der Sammlung, déi do gewise gëtt, läit bei der abstrakter Konscht, ma se huet och Wierker am Stil vum Impressionismus, Post-Impressionismus, Expressionismus a Surrealismus.